Wat mir machen!

Zum Vergrössern klicken!

Mënschen- & Déieresich / Man- & Pettrailing

Sichhënn.lu ass eng Asbl, déi sech aus Benevole zesumme setzt, déi mat hiren Hënn am Beräich Mantrailing a Pettrailing ausgebilt sinn. Mat Hëllef vun eiser jorelaanger Erfarung an Ausbildung, reegelméisseger Fortbildung an engem gutt sortéierten a steteg erweidertem Equipement bidde mir eis Hëllef fir vermësste Mënschen an Déieren erëmzefannen. Eisen Service bidde mir benevole un, dofir freeë mir eis iwwer all Ënnerstëtzung a Form vun engem Don fir eisen Equipement a Stand ze halen an ze erweideren.

Méi Informatiounen zu den eenzelne Mënsch-Hond-Teams fannt dir ënnert dem Menüpunkt “Asazteam”!

Wann Dir eis Hëllef braucht, kënnt Dir eis per Telefon, Mail oder iwwert eise Kontaktformulaire erreechen.