Info – Flyer Sichhënn.lu

Déier vermësst!

Tier vermisst!

Animal disparu!

Animal missing!

Déier vermësst! Wat elo?

Wat maache wann den Hond fortgelaf ass?

Egal wéi gutt een oppasst, et ka jiddferengem passéieren dass de Mupp entwutscht oder sech lassrappt.

Ganz wichteg: op der Plaz bleiwen, wou der den Hond fir d’läscht gesinn hutt! Wann en net weit vun doheem fortgelaf ass, eng Persoun bieden bei Iech doheem ze waarden.
Wann e vun doheem fortgelaf ass, Gaardendier, Garage, etc oploossen, dem Hond d’Méiglechkeet ginn eran oder op den Terrain ze kommen.

Wann en no e puer Stonnen nach net zeréck ass:

  • Police kontaktéieren
  • Fierschter kontaktéieren
  • an den Déierenasyler nofroen
  • bei Tasso, ID Chips, jee nodeem wou den Hond ugemellt ass, den Hond als vermësst mellen
  • Sichhënn.lu kontaktéiere fir weider Moossnamen, wéi Schläpp, evt. Sichhënnasaz, ze beschwätzen

Net panikéieren, net kräiz a quier duerch d’Géigend lafen, och net ganz Suchmannschafte lassschécken!
Den Hond ass a Panik a leeft just nach weider fort wann en sech verfollegt fillt. Doduerch dass en a Panik ass, erkennt e meeschtens och net seng eege Leit, mee flücht virun allem wat en héiert.

Facebook ass eng gutt Plattform fir eng Vermësstemeldung, mee et ass ganz wichteg dobäi ze schreiwen, dass d’Leit net doruechter siche lafe sollen, mee just Sichtmeldung mat genauen Angaben, wéi Uert an Zäit, solle weiderginn.

Am Fall vun engem Sichhënnasaz brauche mir vun ärem Hond eng Gerochsprouf. Wat sech do eegent, beschwätzt Dir am bäschten direkt um Telefon mat eis.

Wéini ass en Asaz vun engem Sichhond sënnvoll?

Net ëmmer mëscht den Asaz vun engem Sichhond Sënn, dofir entscheede mir dat individuell bei all Fall.
E puer entscheedent Kriteren si folgend:

  • d’Lengt hängt nach drunn an den Hond kann doduerch festhänken
  • et ass nach e Welpen
  • et ass en aalen, kranken oder blannen Hond
  • den Hond ass schwéier verletzt oder brauch iwwerliewenswichteg Medikamenter
  • Sichtungsiwwerpréifung

Bei Angschthënn an Hënn déi fräi laafen, ass et meeschtens net sënnvoll en Sichhond anzesetzen, well d’Gefoer dass den Hond weidergedriwwen oder verdriwwe gëtt, an vläicht doduerch souguer op eng Strooss oder Zuchschinnen leeft, immens grouss ass.

Wéi sécheren ech de Geroch vun mengem Hond?

Och wann ären Hond net fortgelaaf ass, kënnt dir awer sécherheetshalber esou eng Gerochsprouf vun ärem Hond hierstellen.

An eisem OnlineShop fannt Dir eise Gerochsëcherung-Set an deem alles dran ass wat dir braucht mat enger Anleitung an 3 Sproochen!
An dir ënnerstëtzt beim Kaf d’Sichhënn mat engem klengen Don!
Natierlech kënnt Dir och alles selwer zesummestellen!

Dir braucht pro Hond(!): steril Einweghändschen, sterile Kompressen, 1 neit sterilt Amachglas mat Schrauwverschluss

Alles prett leeën, Händschen undoen, dem Hond mat der Kompress gutt duerch d’Schnëss, an d’Ouren, iwwert de Kapp lanscht de Kierper fueren. Dann d’Kompress an d’Glas a wa méiglech nach e klenge Putsch Hoer dobei. NET d’Hoer aus der Kämmbiischt oder vum Buedem huelen!!!
Numm vum Hond an Datum mat enger Etiquette oder waasserfestem Eding dropschreiwen. Ferdeg!
All 6 Méint wiederhuelen!

Et ass ganz wichteg et genee esou ze maachen an och déi aner Hënn net un d’Glieser goe loossen! Soss besteet d’Gefoer dass awer déi verschidden Gerëch vermëscht ginn, wat eis Aarbecht am Fall vun engem Asaz extrem erschwéiert oder am schlëmmste Fall komplett onméiglech mecht.

Facebook Page:

Aktuell News & Posts vu vermëssten Déieren