
OPGEPASST !!!
Sonndes, de 24. September 2024 vun 10.00 – 14.00 Auer ass zu Hesper am Centre Nic. Braun eng Infoveranstaltung zu de Beräicher “Berodung op eiser Hotline” an “Asazhelfer” mat uschléissendem Training vun der Asazequipe fir ee bessert Bild iwwert eis Aarbecht ze kréien !
Des Veranstaltung ass Flicht fir déi déi sech fir des Beräicher interesséieren!
Grad des 2 Beräicher erfuerdere vill Empathie, Teamfäegkeet a bedeiten ee groussen Zäitinvest! Ausserdeem si si d’Häerzstéck vun de Sichhënn an dowéinst wëlle mir sécher goen datt s du déi richteg Persoun fir des Aufgab bass!
Centre Nicolas Braun
474, route de Thionville
L-5886 Hesperange
Parking ass direkt dobäi
Beschreiwung vun de Beräicher
An all Beräich ass Whatsapp d’Haptkommunikatiounsmëttel!
Berodung op eiser Hotline
-> d’Sproochnorichten vun eisem Repondeur gi vun 3 Leit aus der Equipe an eis Whatsapp Grupp geleed. Eng vun den 2 Persounen, déi dee Moment Telefonsdéngscht hunn, ruffen dem betraffene Besëtzer zeréck a ginn mat him eise Kontaktformulaire an déi éischt Schrëtt duerch.
Du lees am viraus op eisem Déngschtkalenner fest wéini datt s du disponibel bass.
Aufgabebeschreiwung:
- Kontaktopnam : ausfëlle vum interne Formulaire, éischt Do’s & Dont’s erklären
- De Fall an eisen interne Programm ophuelen
- Kuerz Fallbeschreiwung an eise Whatsappgrupp posten fir weider Schrëtt ze decidéieren
- Weider Moossnamen dem Besëtzer erklären
- De Fall reegelméisseg an eisem Programm updaten
- D’Equipe um Courant halen fir de Suivi vum Fall
- Kontakt mam Besëtzer hale bis Fallofschloss
Du bass:
- mat eise Methoden averstan a bereet reegelméisseg un eisem Theorieowend deelzehuelen
- teamfäeg
- gedëlleg
- telefonéiers gär
- hues kee Problem mat Technik an dech a nei Tools eranzeschaffen
Wichteg: du schwätz mindestens lëtzebuergesch, däitsch a franséisch!
Asazhelfer
Aufgabebeschreiwung:
- 1x de Mount um Méindestraining deelhuelen
- min. un 2 Asaztrainingen am Joer deelhuelen
- reegelméisseg mam Team Eischt Hëllef um Hond opfrëschen
- Eischt Hëllef Cours um Mënsch
- um Asaz een Asazteam begleede mam Asazruksak
- um Asaz den Trail tracken
- um Asaz Kontakt zum Team halen (WalkieTalkie & Handy)
- bei den Asazautoe bleiwe fir op d’Hënn opzepassen
- Um Asaz Betreiung vum Besëtzer
Du bass:
- mobil mat engem eegenen Auto
- flexibel
- kierperlech fit
- hues kee Problem domat dir d’Fanger knaschteg ze maachen
Liewendfal opstellen
Aufgabebeschreiwung:
- Hëllefen d’Fal (80Kg) aus der Remorque ze hiewen
- Fal op déi virgesinne Plaz rullen a preparéieren
- Wann den Hond an der Fal ass, d’Fal an ee gesécherte Beräich bréngen
- Fal eventuell hëllefen botzen
- alles rëm an d’Remorque raumen
- Material a Stand halen
- Live-Wëldkamera arichten
Du bass:
- mobil mat engem eegenen Auto
- kierperlech fit
- flexibel
- hues kee Problem domat der Fanger knaschteg ze machen
- bass handwierklech begabt
Fudderstell betreien
-> du lees am viraus fest a wéienge Gemengen am Land datt s du disponibel bass
Aufgabebeschreiwung:
- Fudderstell arichten
- 2mol den Dag Wëldkamera ausliesen a Fudder nai opfëllen
- Fudderschleppen zéien
- Wëldkamera arichten an ausliesen
Du bass:
- mat eise Methoden averstan
- bereet mueres an owes déi Aufgab ze erfëllen
Flyerhëllef
-> du lees am viraus fest a wéienge Gemengen am Land datt s du disponibel bass
Aufgabebeschreiwung:
- Flyer verdeelen
- Flyerkart mat Google Maps erstellen
- Flyer rëm asammelen
Du bass:
- bereet dech an Tools wéi Google Workspace an Asana eranzeschaffen
Ënnerstëtzen op Events
Aufgabebeschreiwung:
- Standbetreiung: Infostänn op Eventer
- Chrëschtmaart Hesper: Verkaf vun Raclette, Glühgin, Eisekuch
- Summerconcerten Hesper Park: Gedrénks- & Grillstand
- Eisekuche baken op Eventer
- Gerochsgaart op Eventer betreien
- Hëllefen beim Op- an Ofrichten