Carine Woltz & Rudi

 

2015 sinn ech op der Sich no enger altersgerechter Beschäftegung fir meng eeler Dobermann-Mix Madame Basja beim Tanja Forette an deemools nach K-9 gelant.

Duerch säin Diabetis ass d’Basja no kuerzer Zäit blann ginn, wat hat awer net vun senger Begeeschterung fir Mantrailing ofgehal huet an mir e ganz neit Verständnis fir mäin Hond bruecht huet, an hat mech och geléiert huet datt een aus allem eppes Positives zéien a léiere kann. Leider ass d’Basja 2017 am stolzen Alter vun 15 Joer verstuerwen.

Mech hat den Trailvirus awer esou gepaakt datt ech bei K-9 meng Theorie Couren fir Mantrailtrainer absolvéiert hunn an beim Tanja als éischt ënnert K-9 an dono bei de Sichhenn.lu meng Praxis gemaach hunn.

Ufank 2018 huet dee geckege Labbi Ritt de Rudi erëm richteg Action a mäin Liewe bruecht an Mantrailing huet eis richteg als Team zesummegeschweesst! A säit dem September 2020 erweidert d’Bibi, eng Labradorjoffer, eise klenge Rudel!

Ausbildung 
21.-22.11.2020Mantrailing Workshop Videoanalyse, Leitung: Tanja Forette
19.-20.09.2020Intensivtraining Mantrailing by Ines Kiene, MSF Hundestaffel und Polizei Hessen
25.06.2020Webinar "Tiersuche", Leitung: Tanja Forette
05.09.2019Workshop Leinenhandling, Leitung: Tanja Forette & Iris Oppermann
25.07.2019Theorieseminar "Tiersuche", Leitung: Tanja Forette
25.-26.05.2019Intensivtraining Mantrailing by Ines Kiene, MSF Hundestaffel und Polizei Hessen
10.-12.05.2019Intensivtraining mit Tanja Forette im CenterParcs Eifel
30.03.-01.04.2018Intensivtraining Mantrailing by Ines Kiene, MSF Hundestaffel und Polizei Hessen
21.12.2017Webinar "Alexandra Grunow // Mentalphase: Wie kann ich meinen Hund abhärten, dass er durch Einsätze stärker wird" Teil 2
23.11.2017Webinar "Alexandra Grunow // Mentalphase: Wie kann ich meinen Hund abhärten, dass er durch Einsätze stärker wird" Teil 1
07.-08.10.2017Tanjemma Workshop Tiersuche in Luxemburg
14.-15.03.2015K-9 Workshop Mantrailing / Tiersuche mit Tanja Weidler in Trier
Januar 2015Beginn wöchentliches Training bei K-9 Suchhunde Trier-Luxemburg