Mir sichen engagéiert Fräiwëlleger fir eis Asazequipe!

Wat erward dech?

Regelméisseg Training: Op verschiddene Plazen an der Regioun fir eng optimal Integratioun an d’Equipe.
Asaz vun Ufank un: Direkt Matmaachen als Suchgruppenhelfer bei Asätz.
Weiderbildung: Intensivtrainings, Theoriesowender a Prüfungen.
Asätz bei all Wieder & Terrain: Keng Schei viru knaschtege Fanger, kierperlech Fitness ass erfuerderlech.
Villfälteg Aufgaben: Net nëmmen Sich mat Hond, mee och Berodung, Biergung vun Déieren a méi.
Modernt Equipement: Dronen mat Thermalkamera, Liewendfalen mat Kamera.
engagéiert Ekipp: jiddereen ka seng Talenter an d’Ekipp integréieren.

Wat muss du matbréngen?

Flexibilitéit: Asätz si spontan, oft iwwer d’ganzt Land an d’Grenzgebitt verdeelt.
Engagement: Dëst ass méi wéi en Hobby – et erfuerdert Zäit an och eegen Investitiounen.
Teamgeescht: och bei diversen Eventer d’Ekipp ënnerstëtzen.
Zouverlässegkeet: virun allem bei Asätz muss d’Ekipp sech openeen verloosse kënnen.

👉 Hues du Loscht, Deel vun eiser Equipe ze ginn? Da mell dech bei eis!