Chloé Vaudois & Nymeria

 

Nymeria an ech hunn eis kennegeléiert am Abrëll 2018, wéi hat eleng a verlooss um Briddel gelaf ass.

Mat der Hëllef vun de Sichhenn.lu hu mer et no enger Woch konnte sëcheren an et huet bei mir en neit Doheem fonnt.

Faszinéiert vun där Aarbecht déi d’Sichhenn.lu leeschten, hunn ech mam Nymeria mat der Ausbildung zum Man- a Pettrailer ugefaangen a si säit Enn 2018 als Suchgruppenhelfer bei de Sichhenn.lu . D’Nymeria an ech trainéieren elo fir eis Asazfäegkeet bei de Sichhenn.lu ze erreechen.